La Ville de Dudelange poursuit son grand projet participatif avec l’organisation, cet été, d’un troisième Biergerrot. Cette nouvelle édition, qui aura lieu pour la première fois en ligne, compte désormais sur l’appui de l’Université du Luxembourg.

A Dudelange, le grand élan de participation citoyenne ne faiblit pas. Malgré un contexte sanitaire complexe, la Ville ne compte pas, en effet, cesser de nourrir cette probante expérience de démocratie directe. Prochaine échéance : l’organisation, dès cet été, d’un nouveau Biergerrot.

Le concept est désormais bien rodé. Quinze citoyens seront tirés au sort parmi les 21 000 Dudelangeois, et recevront une invitation pour participer, à une séance d’échanges et de discussions. Le temps d’une soirée, ils dialogueront avec les représentants des différents services communaux, d’un responsable politique et de Patrick Hoss, responsable administratif du volet participation citoyenne. Ils pourront aussi compter sur la présence bienveillante d’un modérateur extérieur chargé d’animer la rencontre.

Dans un effort de transparence, un rapport public actera les discussions et recommandations du Biergerrot. Charge alors aux services communaux concernés de se mettre au travail pour mettre en place des mesures concrètes destinées à faciliter la vie quotidienne des Dudelangeois ?

Le Biergerrot, “une ligne directe entre la ville et ses habitants”

L’enjeu n’est pas moindre. “Le but est d’associer très concrètement les citoyens à la vie de leur ville”, rappelle Loris Spina, échevin en charge de la participation citoyenne. Un regard citoyen qui s’avère très utile : “En tant qu’acteurs communaux, nous ne pouvons pas tout voir ni savoir, souligne Loris Spina. Car chacun vit sa propre expérience de la ville, et est expert de son quartier, de sa rue. En nous transmettant cette expérience et cette expertise, les citoyens nous permettent d’agir.”

De fait, lors du Biergerrot, ce sont bien eux qui sont aux manettes. “Ils déterminent, eux-mêmes, les thèmes abordés et les sujets prioritaires. Toute problématique qui pèse sur leur quotidien est la bienvenue”. Surtout, ils s’expriment de vive-voix et sans intermédiaire : “C’est une ligne directe entre la ville et les habitants, bien plus efficace que Twitter et Facebook !”, sourit Loris Spina.

Manque d’éclairage public qui insécurise les promenades du soir, rue rendue dangereuse par un trafic routier trop dense et rapide, propreté de certains espaces publics, … les précédentes éditions du Biergerrot ont montré que la Ville pouvait agir très concrètement lorsque les habitants lui disent ce qui les embête au quotidien.

L’Université du Luxembourg rejoint l’aventure

Sur la forme, cette troisième édition du Biergerrot innove. Elle se déroulera en effet pour la toute première fois en ligne, sur la plateforme de téléconférence Zoom. “La pandémie nous oblige à faire évoluer la formule”, témoigne l’échevin Loris Spina. “Si c’est concluant et facilitateur pour les citoyens, nous pourrions pérenniser ce format numérique tout en maintenant une formule présentiel, tout est envisagé.”

Dans le même temps, la Ville entend développer et perfectionner, sur le fond, sa démarche participative. Pour y parvenir, elle s’est d’ailleurs trouvée un allié de choix : l’Université du Luxembourg. Celle-ci a officiellement rejoint l’aventure le 9 décembre 2020, en signant avec Dudelange une convention de collaboration. “C’est une formidable opportunité pour Dudelange, se réjouit Loris Spina. Les chercheurs de l’Université vont apporter un regard neuf, un point de vue extérieur, et une analyse scientifique des projets en cours.”

“Avec Dudelange, ville pionnière en la matière, nous lançons un partenariat unique au Luxembourg”, s’enthousiasme de son côté Raphaël Kies, chercheur au Département Sciences humaines de l’Université du Luxembourg. “Notre rôle sera d’évaluer la procédure participative actuelle, via des sondages notamment, et de dégager des recommandations pour l’améliorer.”

Premières analyses qualitatives lors du Biergerrot

Le partenariat est d’ores et déjà effectif : l’Université contribuera au prochain Biergerrot. “Nous intervenons en soutien logistique pour la tenue de l’évènement en ligne, mais aussi en tant qu’analystes”, note Raphaël Kies. “À l’issue de la rencontre, nous adresserons ainsi un questionnaire en ligne aux participants afin d’évaluer leur expérience.”

Outre le Biergerrot, l’Université planchera sur les deux autres piliers du grand plan global de la Ville de Dudelange en faveur de la démocratie participative : le budget participatif ; et le Panel de citoyens. Ce dernier, à la différence du Biergerrot, court sur toute l’année : les Dudelangeois peuvent d’y inscrire à tout moment, et sont consultés régulièrement par la commune, par questionnaire et sur des sujets précis.

L’Université du Luxembourg est également en train de lancer une plateforme numérique dédiée à la démocratie participative, sur laquelle la Ville de Dudelange figure en bonne place. “Beaucoup d’initiatives de participation citoyenne sont menées ici et là, mais de façon isolée. L’ambition de la plateforme est de fédérer les acteurs (société civile, ministères, villes, etc.) et de créer un lieu où ils se rencontrent, échangent et progressent ensemble”, explique le chercheur Raphaël Kies. Des outils spécifiques verront bientôt le jour, tels qu’un “index de la démocratie participative”, d’abord à l’échelle locale, puis nationale”.

“La participation est bel et bien en train de s’installer dans le paysage démocratique luxembourgeois”

conclut l’échevin Loris Spina. Et force est de constater que Dudelange et les Dudelangeois sont aux avant-postes.


ENVIE DE VOUS EXPRIMER SUR LA VIE DE VOTRE VILLE ?
Les inscriptions pour le Panel de citoyens sont toujours ouvertes. Pour vous informer et vous inscrire, c’est ICI !


Biergerbedeelegung: en neie Biergerrot am Juli

D’Stad Diddeleng fiert mat hirem grousse participative Projet virun an organiséiert dëse Summer hiren drëtte Biergerrot. Dës nei Editioun, déi fir d’éischt Kéier online ofgehal gëtt, kritt elo d’Ënnerstëtzung vun der Uni Lëtzebuerg.

Zu Diddeleng léisst déi breet Biergerbedeelegung net no. Trotz engem komplexe sanitäre Kontext huet d’Stad Diddeleng net wëlles, dëser iwwerzeegender Erfarung vun direkter Demokratie en Enn ze setzen. Nächste Stéchdatum: d’Organisatioun am Summer vun engem neie Biergerrot.

D’Konzept ass an Tëschenzäit gutt etabléiert. Vun den 21.000 Diddelenger gi fofzéng Bierger dem Zoufallsprinzip no ausgewielt a kréien eng Invitatioun, fir un enger Austausch- an Diskussiounsronn deelzehuelen. Am Laf vum Owend diskutéiere se mat de Vertrieder vun de verschiddene Gemengeservicer, engem politesch Responsabelen an dem Patrick Hoss, dem Responsabel vum Volet Biergerbedeelegung. Se kënnen och op déi frëndlech Presenz vun engem externe Moderator zielen, deen d’Treffen animéiert.

Am Beméie fir d’Transparenz ze garantéieren, ginn dem Biergerrot seng Diskussiounen a Recommandatiounen an engem ëffentleche Rapport festgehal. Et läit dann un den zoustännege Gemengeservicer, sech un d’Aarbecht ze maachen, fir konkreet Mesuren ëmzesetzen, déi dat deeglecht Liewe vun de Leit zu Diddeleng sollen erliichteren.

De Biergerrot, „en direkten Drot tëschent der Stad Diddeleng an hiren Awunner“

D’Erausfuerderung ass grouss. „Zil ass et, d’Bierger ganz konkreet an d’Liewe vun hirer Stad anzebannen“, erënnert de Loris Spina, de Schäffen, dee fir d’Biergerbedeelegung zoustänneg ass. E Standpunkt vun de Bierger, dee ganz nëtzlech ass: „Als Gemengenacteure kënne mir net alles gesinn oder wëssen“, ënnersträicht de Loris Spina. Well jidderee mécht seng eegen Erfarung an der Stad Diddeleng an ass Expert vu sengem Quartier a senger Strooss. Andeems se hir Erfarungen an hir Expertis mat eis deelen, erméiglechen d’Bierger eis et, ze handelen.“

Beim Biergerrot hu si effektiv d’Soen. „Si bestëmmen nämlech, wat fir eng Theemen ugeschwat ginn, a wat fir eng Schwéierpunkte gesat ginn. All Theema, dat dat deeglecht Liewe betrëfft, ass wëllkomm. Virun allem drécke se sech awer op direktem Wee aus: „Et ass en direkten Drot tëscht der Stad Diddeleng an den Awunner, an dat ass vill méi effikass wéi Twitter a Facebook!“, seet de Loris Spina mat engem Laachen.

Feelend ëffentlech Beliichtung, déi d’Spadséiergäng owes onsécher mécht, Stroossen, déi duerch ze vill an ze schnelle Verkéier geféierlech ginn, Propretéit vu verschiddenen ëffentleche Plazen … déi viregt Editioune vum Biergerrot hu gewisen, datt d’Stad konkreet Mesuren ergräife kann, wann d’Awunner soen, wat se am Alldag stéiert.

D’Uni Lëtzebuerg bedeelegt sech un der Initiativ

Wat d’Form ugeet, ass dës drëtt Editioun vum Biergerrot e bëssen anescht. Fir d’éischt Kéier gëtt en online op der Plattform fir Visiokonferenzen Zoom ofgehal. „D’Pandemie zwéngt eis, op eng aner Formule zeréckzegräifen“, seet de Schäffe Loris Spina. „Wa se Erfolleg huet a fir d’Bierger alles méi einfach mécht, kënne mer dëst digitaalt Format niewent dem Format, wou jiddereen op der Plaz present ass, bäibehalen. Alles gëtt envisagéiert.“

Gläichzäiteg wëll d’Stad Diddeleng hire participativen Usaz um Fong weiderentwéckelen a perfektionéieren. Dofir huet se sech mat engem héichwäertege Partner zesummegedoen: d’Uni Lëtzebuerg. Dës huet sech den 9. Dezember 2020 offiziell un der Initiativ bedeelegt, andeems se e Kooperatiounsaccord mat Diddeleng ënnerschriwwen huet. „Dat ass eng enorm Chance fir Diddeleng“, sou de Loris Spina. D’Fuerscher vun der Uni bréngen e frësche Bléck, eng Ausseperspektiv an eng wëssenschaftlech Analys vun den aktuelle Projete mat.“

„Mat Diddeleng, enger Pionéierstad an dësem Domän, starte mer en eenzegaartege Partenariat zu Lëtzebuerg“, sou de Raphaël Kies, dee Fuerscher un der Fakultéit fir Geeschteswëssenschafte vun der Uni Lëtzebuerg ass. „Eis Aufgab wäert et sinn, de Participatiounsprozess ze evaluéieren, ënner anerem duerch Ëmfroen, a Recommandatiouen ze formuléieren, fir en ze verbesseren.“

Éischt qualitativ Analyse wärend dem Biergerrot

De Partenariat huet sech elo schonn als effikass erwisen: d’Uni wäert sech beim nächste Biergerrot abréngen. „Mir bidde logistesch Ënnerstëtzung fir den Online-Event, mee fungéieren och als Analysten“, erkläert de Raphaël Kies. „Um Enn vum Treffe schécke mir en Online-Questionnaire un d’Participanten, fir hir Erfarungen ze bewäerten.“

Nieft dem Biergerrot wäert d’Universitéit un deenen aneren zwee Piliere vun der Stad Diddeleng hirem grousse Gesamtplang fir déi participativ Demokratie schaffen: de participative Budget an de Biergerpanel. Am Géigesaz zum Biergerrot leeft de Biergerpanel dat ganzt Joer: D’Awunner vun Diddeleng kënne sech jidderzäit aschreiwen a gi reegelméisseg vun der Gemeng iwwer e Questionnaire zu bestëmmten Theeme befrot.

Och d’Uni Lëtzebuerg ass amgaang, eng digital Plattform ze lancéieren, déi der participativer Demokratie gewidmet ass  an op där d’Stad Diddeleng gutt ofschneit. „Et gi vill Biergerbedeelegungsinitiativen dorëmmer duerchgeféiert, mee op eng isoléiert Aart a Weis. D’Zil vun der Plattform ass et, d’Acteuren (Zivilgesellschaft, Ministèren, Stied asw.) ze vereenen an eng Plaz ze schafen, wou se sech begéinen, Iddien austauschen an zesumme Fortschrëtter maachen“, erkläert de Fuerscher Raphaël Kies. An nächster Zäit gi spezifesch Instrumenter entwéckelt, wéi z. B. en „Index vun der participativer Demokratie“, fir d’éischt op lokalem an dann op nationalem Niveau.

„D’Participatioun ass fest an der demokratescher Landschaft vum Land verwuerzelt“

huet de Schäffe Loris Spina ofschléissend gesot. Fakt ass, datt Diddeleng an d’Diddelenger Virreider sinn.


WËLLT DIR IECH ZUM LIEWEN AN ÄRER STAD ÄUSSEREN?D’Aschreiwunge fir de Biergerpanel sinn nach op. Fir weider Informatiounen an Iech unzemellen, klickt HEI!