Dynamique et au cœur d’une effervescence sportive, la Ville de Dudelange propose tout au long de l’année des temps forts à destination de ses habitants et de tous les publics. Les équipements et les activités à disposition participent à l’encouragement du sport pour tous, par loisir et pour la bonne santé des Dudelangeois. Comment pratiquer une activité physique sans engagement ni licence dans la localité ? Voici un condensé d’idées à partager !

GESOND DIDDELENG

Le groupe « Gesond Diddeleng » s’occupe de votre quota d’activités hebdomadaires ! En vous proposant des séances de sport gratuites en groupe, libre à vous de prendre part à ces sorties en famille, entre amis, ou en solo. Conviviales et accessibles à tous, retrouvez-vous entre Dudelangeois pour des promenades, de la marche nordique ou pour un jogging partant du Stade J.F Kennedy.

Pour ne louper aucun rendez-vous et connaître les horaires des activités :
www.facebook.com/gesonddiddeleng


INITIATIV LIEWENSUFANK

Les jeunes mamans peuvent se retrouver pour une pratique très en vogue et complète, le buggy walking. Munissez-vous de bébé et de sa poussette et en route pour une marche nordique endurante pour un renforcement du ventre, du dos et des épaules ! Si bébé n’est pas encore arrivé, la gymnastique pour femmes enceintes est également pratiquée à l’école Baltzing, tout comme la gymnastique postnatale.

Plus d’informations sur www.liewensufrank.lu


SERVICE ENSEMBLE

Connaissez-vous le Bootcamp ? Méthode de conditionnement physique empruntée aux Marines, le principe se résume à utiliser l’environnement naturel pour pratiquer des exercices physiques calqués sur ceux de l’armée américaine. En plus de vous forger un corps gainé et tonique, cette pratique créée une véritable dynamique de groupe qui pousse les membres à persévérer dans l’effort.

Pour plus de douceur mais autant d’énergie, participez à un cours de danse orientale. Et, toujours dans l’optique de renforcer votre cardio, optez pour les cours de Zumba : grâce aux chorégraphies inspirées de danses latines, vous serez boosté(e)s pour plusieurs jours ! 

Si vous avez davantage envie de vous relaxer, place au yoga. Force, concentration et calme sont les maîtres-mots de cette pratique. A la clé, décompression et souplesse.

Toutes les infos sur le Projet Ensemble :
https://www.dudelange.lu/fr/residents/offre-sociale/projet-ensemble


BOUGER EN EXTERIEUR A DUDELANGE

Tous les sentiers, chemins et parcs de la Ville sont propices à la pratique du jogging, de la marche ou du VTT.

Dudelange abrite la réserve naturelle Haard, zone protégée d’une superficie de 198 hectares, et offre de nombreuses possibilités d’exercices physiques. Il en va de même pour le circuit de la Minette, qui permet de réaliser un parcours à vélo de 10km entre le Grand-Duché et la France. Dans le même registre, le paisible circuit Ginzebierg (4,5 kilomètres en pleine forêt) est à conseiller.

Pour les sorties en famille, pensez à allier sport et culture, en vous rendant au Mont Saint Jean : cette promenade, signalée et balisée, vous mène à son sommet, d’où vous pouvez découvrir les ruines du château en partie restaurées. Le petit plus ? Les panneaux explicatifs permettant d’en apprendre davantage sur l’architecture des lieux.


PLONGEZ DANS L’EAU !

Si vous êtes un(e) adepte des pratiques plus douces mais tout autant efficaces, vous trouverez votre bonheur grâce aux activités aquatiques organisées par notre commune : entre les cours d’aquagym, l’aqua jogging, l’aqua power et l’aqua cycling, voilà de quoi vous tonifier sans brusquer votre corps.

N’hésitez pas à vous renseigner en écrivant un mail à l’adresse suivante : sport@dudelange.lu

La pratique d’une activité joue sur notre condition physique, mais également sur notre moral. Consciente des pouvoirs relaxants et motivants du sport, Dudelange, Ville sportive, s’engage à participer à l’épanouissement de tous ses citoyens. Venez bouger avec nous !


Fräizäitsport fir Erwuessener: Zu Diddeleng ass fir jiddwereen eppes dobäi! 

Déif an enger sportlecher Dynamik verankert, bitt d’Stad Diddeleng dat ganzt Joer iwwer Héichpunkte fir hir Awunner an all Publikum. D’Equipementer an d’Aktivitéiten, déi ugebuede ginn, droen dozou bäi, de Sport fir jiddwereen als Fräizäitaktivitéit ze promovéieren an d’Gesondheet vun den Diddelenger ze fërderen. Wéi kann een eng kierperlech Aktivitéit ouni Engagement oder Lizenz zu Diddeleng ausüben? Hei ass eng Zesummefaassung vun Iddien, fir ze deelen!

GESOND DIDDELENG

De Grupp „Gesond Diddeleng“ këmmert sech ëm Är wëchentlech Aktivitéitsquot! Mat eise Gratis-Sportsseancen am Grupp hutt Dir d’Méiglechkeet, un dëse Sortië mat der Famill, de Frënn oder eleng deelhuelen. D’Aktivitéiten, déi frëndlech a fir jiddwereen zougänglech sinn, erméiglechen et den Diddelenger, zesummenzekommen, fir Spadséiergäng, Nordic-Walking-Tier oder Jogging-Seancë vum Stade J.F. Kennedy aus ze maachen.

Fir kee Rendez-vous ze verpassen an Iech iwwer d’Horairen um Lafenden ze halen: www.facebook.com/gesonddiddeleng.

INITIATIV LIEWENSUFANK

Jonk Mamme kënne sech fir eng ganz beléift Ganzkierper-Aktivitéit, dem Buggy Walking treffen. Kommt mat Ärem Bëbee a senger Poussette an huelt um Nordic-Walking-Tour deel, fir de Bauch, de Réck an d’Schëlleren ze stäerken! An der Schoul Baltzing gëtt och Schwangerschaftsgymnastik ugebueden, fir wann de Bëbee nach net do ass, esou wéi Réckbildungsgymnastik fir no der Gebuert.

Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.liewensufrank.lu

SERVICE ENSEMBLE

Kennt Dir de Bootcamp? Dat ass eng Kierpertraining-Method, déi vun de Marines staamt. De Prinzip besteet doran, déi natierlech Ëmgéigend ze benotzen, fir Übungen nom Virbild vun der amerikanescher Arméi ze maachen. Dës Form Sport erlaabt et net nëmmen, de Kierper ze straffen an ze stäerken, se schaaft och eng richteg Gruppendynamik, déi d’Membere motivéiert, drunzebleiwen a sech unzestrengen.

Fir méi eng duuss awer genausou energesch Aktivitéit, maacht bei engem orientaleschen Danzcours mat. Fir Ären Häerz-Kreeslafsystem ze stäerken, kënnt Dir Iech och fir Zumba-Coursen entscheeden: Mat dëse Choreografien, déi sech vu latäineschen Dänz inspiréieren, fillt Dir Iech fir e puer Deeg laang geboost! 

Wann Dir Iech éischter entspane wëllt, ass Yoga genee dat Richtegt fir Iech. Kraaft, Konzentratioun a Rou stinn am Mëttelpunkt vun dëser Sportaart, bei där Entspanung a Beweeglechkeet groussgeschriwwe ginn.

All d’Infoen iwwert de Projet Ensemble fannt Dir op der Internetsäit
https://www.dudelange.lu/fr/residents/offre-sociale/projet-ensemble

SECH DOBAUSSE BEWEEGEN ZU DIDDELENG

All d’Weeër, d’Pied an d’Parke vun der Stad eegne sech, fir ze joggen, ze trëppelen oder Mountainbike ze fueren.

Zu Diddeleng gëtt et d’Naturreservat Haard, en 198 Hektar grousst Schutzgebitt, dat vill Méiglechkeete fir kierperlech Aktivitéite bitt. Dat selwecht gëllt fir de Minett-Circuit, op deem een en 10 Kilometer laange Vëlostour tëschent dem Grand-Duché a Frankräich ka maachen. Am selwechte Regëster gëtt et de Circuit iwwert de Ginzebierg (4,5 Kilometer matten am Bësch).

Fir Familljenausflich kënnt Dir Sport a Kultur matenee verbannen, an de Gehaansbierg besichen. Déi ausgeschëldert a baliséiert Promenad féiert zum Sommet, wou Dir d’Ruine vum deels restauréierte Schlass entdecke kënnt. De klengen Extra? Panneaue mat Erklärungen, fir méi iwwert d’Architektur vun der Plaz gewuer ze ginn.

DAUCHT AN D’WAASSER!

Wann Dir méi duuss awer genausou effikass Sportaarte gären hutt, fannt Dir genau dat Richtegt an der Offer fir Waassersportaarte vun eiser Gemeng: Aqua-Gym, Aqua-Jogging, Aqua-Power an Aqua-Cycling, fir Iech ze straffen, ouni Iech ze verletzen.

Zéckt net, Iech ze renseignéieren andeems Dir eis eng E-Mail op d’Adress sport@dudelange.lu schéckt.

Aktiv sinn wierkt sech op eis kierperlech Konditioun, mee och op eis Moral aus. D’Stad Diddeleng ass sech bewosst, datt Sport entspaant a motivéiert, an engagéiert sech, fir um Wuelbefanne vun all hire Bierger bäizedroen. Kommt a beweegt Iech mat eis!