C’est par une journée d’automne plutôt froide que nous franchissons les grilles du Stade J.F. Kennedy. Fidèle au poste, pourtant, Tom Habscheid. De par sa carrure, l’homme nous impressionne. Entre deux entraînements, nous avons bavardé avec lui. Portrait de l’un des meilleurs lanceurs de poids du monde en para-athlétisme.

Début 2020, Tom Habscheid avait un objectif : briller lors des Jeux paralympiques de Tokyo et potentiellement y décrocher une médaille. Comme pour chacun d’entre nous, les plans de Tom ne se sont pas déroulés comme il le souhaitait. Les JO annulés, il conserve pourtant l’espoir de s’y rendre en 2021 : « je reste optimiste, c’est nécessaire de le rester lorsqu’on fait du sport ».

Des records et des médailles à la pelle

Des Jeux Olympiques, il en est aussi question dans le tout début de carrière de Tom. Cette fois-ci, ceux de 2012. En plein mois d’août, installé devant sa télévision, il tombe sur l’épreuve de lancer du poids et se dit qu’il aimerait essayer, « simplement pour pratiquer une activité sportive ». De fil en aiguille, le futur champion est séduit et se lance quelques semaines plus tard dans ses premières compétitions nationales, pour se tester. Les résultats sont au rendez-vous, si bien qu’un an plus tard, il participe à ses premiers Championnats du monde : « j’ai reçu une wild card de la fédération, et j’y ai signé une 5ème place, avec un nouveau record personnel ». A partir de là, les exploits s’enchaînent, et Tom devient un sérieux concurrents dans la discipline, jusqu’à décrocher, en 2019, une deuxième place aux Championnats du monde de para-athlétisme, à Dubaï, améliorant au passage son record personnel et signant un record du monde de sa catégorie (F63) avec un lancer à 15,10m.

Cette médaille d’argent acquise aux Émirats arabes unis, elle est venue rejoindre les nombreux trophées déjà présents chez Tom. « C’est toujours un plaisir de revenir avec quelque chose, c’est une récompense un peu surprise. Car on a beau s’entraîner à fond, on n’est jamais certain de remporter quelque chose. Chez moi, je passe devant quand un entraînement s’est moins bien déroulé, c’est une source de motivation ».

« Représenter le Luxembourg est toujours un plaisir »

Pourtant, les médailles, Tom n’y était pas prédestiné. Sportif dans l’âme, il n’aurait jamais pensé faire carrière : « j’ai pratiqué le basket, le skateboard, la natation, le ski, et le football aussi. Malheureusement, à cause de mon handicap, je n’ai jamais pu recevoir ma licence ». Quand j’ai commencé le lancer du poids et du disque, j’avais déjà 26 ans. Cela a pris de l’ampleur au fil des années, et je suis la preuve que même en commençant tard, on peut devenir un athlète professionnel » explique-t-il.

En parallèle à sa carrière de sportif, Tom travaille également au CNA, avec des horaires aménagés de manière à ce qu’il puisse s’entraîner. Mais à 34 ans, envisage-t-il de prendre sa retraite sportive ? Rien n’est certain. « En lancer, les athlètes peuvent faire plus d’années que les autres sportifs. Nous ne sommes pas comme les gymnastes où l’âge d’or est à 16 ou 17 ans » mentionne-t-il en souriant, avant de poursuivre : « si vous avez un bon physique et une bonne technique, que votre corps n’est pas trop marqué par les blessures, vous pouvez poursuivre une carrière au haut niveau jusqu’à 45 ans. Comme on dit toujours, pour les lanceurs, l’expérience vient avec l’âge. Après, ce sont également des sacrifices, surtout au niveau de la famille. J’ai une femme, deux enfants, et je ne sais pas si d’ici quelques années, je serai encore prêt à m’absenter de la maison l’équivalent de 3 mois par an ». 

En attendant de décider ce que sera son futur, Tom se dit fier de pouvoir représenter le pays. Et, il croise les doigts pour que 2021 lui permette d’emmener les couleurs de notre drapeau sur la plus haute marche d’un podium.


Léiert den Tom Habscheid kennen – Stoussen, ëmmer méi wäit!

Op engem relativ kalen Hierschtdag passéiere mir duerch d’Entrée vum Stade J. F. Kennedy. Awer d’Keelt schreckt den Tom Habscheid net of. De Mann beandrockt eis duerch seng Statur. Tëschent zwee Trainingen hu mir eis mat him ënnerhalen. Hei ass de Portrait vun engem vun de weltbeschte Bommstousser an der Para-Liichtathleetik. 

Ugangs 2020 hat den Tom Habscheid een Zil: bei de Paralympesche Spiller zu Tokio ze glänzen a méiglecherweis do eng Medail ze gewannen. Wéi dat bei eis all de Fall war, sinn och dem Tom seng Pläng op d’Kopp gehäit ginn. Mee och wann d’Olympesch Spiller ofgesot gi sinn, hofft hien ëmmer nach, 2021 kënne mat dobäi ze sinn: „Ech bleiwen optimistesch, dat muss een, wann ee Sport mécht.

Dobäi muss ee soen, datt d’Olympiad ee vun den Héichpunkten an enger sportlecher Karriär ass. An nodeems een eng Kéier d’Stëmmung vun den Olympesche Spiller erlieft huet, ass et nëmmen normal, datt een d’Erfarung wëll widderhuelen. 2016 wier seng éischt Participatioun allerdéngs bal an d’Waasser gefall. De Grond war e Skandal, dee vum Organisatiounscomité vu Rio ausgeléist gouf. Fir onerwaart Ausgaben ze decken, hat dësen an d’Enveloppe vun de Paralympesche Spiller gegraff. A leschter Minutt konnten d’Spiller awer nach ofgehal ginn, an den Tom konnt sech op de Wee an den Olympiastadion Nilton-Santos maachen, wou hien déi 7. Plaz konnt fir sech gewannen.

Eng Hellewull Rekorder a Medailen

D’Olympesch Spiller waren den Ausgangspunkt vum Tom senger Karriär. Déi Kéier waren et déi vun 2012. Mëtt August, wéi e viru senger Tëlee souz, ass en op d’Bommstousse gefall an huet geduecht, e géing dës Disziplin gär ausprobéieren „einfach nëmmen, fir kierperlech aktiv ze sinn“. No an no begeeschtert den zukünftege Champion sech dofir an mécht e puer Woche méi spéit bei sengen éischten nationale Concourse mat, fir sech ze testen. En erreecht och direkt gutt Resultater, soudatt en ee Joer méi spéit bei senger éischter Weltmeeschterschaft matmécht: „Ech hunn eng Wildcard vum Verband kritt an hu mech mat engem neie perséinleche Rekord op der 5. Plaz behaapt.“ Vun do un hu sech déi sportlech Exploite multiplizéiert an den Tom ass zu engem seriöe Konkurrent an dëser Disziplin ginn, bis en 2019 bei de Para-Liichtathleetik-Weltmeeschterschaften zu Dubai sech déi zweet Plaz um Podium konnt sécheren, nodeems e säi perséinleche Rekord verbessert an e Weltrekord mat engem Worf vu 15,10 m a senger Kategorie (F63) opgestallt huet.

Dës Sëlwermedail aus de Vereenegten Arabeschen Emiraten ass bei déi vill Tropheeën, déi den Tom schonn doheem huet, dobäikomm. „Et ass ëmmer immens flott, mat engem Präis zeréckzekommen. Et ass eppes ewéi eng Iwwerraschungsbelounung. Well egal, wéi haart een trainéiert, et ass een ni sécher, datt een eppes wäert gewannen. Doheem gesinn ech se, wann en Training net esou gutt gelaf ass. Dat ass eng gutt Motivatiounsquell.“

„Lëtzebuerg ze vertrieden ass ëmmer e Pleséier“

Dobäi war den Tom net fir d’Medaile predestinéiert. Am Häerz e Sportler hätt hien ni geduecht, datt en eng Kéier géing Karriär maachen: „Ech hu Basket gespillt, si Skateboard gefuer, si geschwomm, si Schi gefuer an hu Fussball gespillt. Leider konnt ech wéinst menger Behënnerung ni meng Lizenz kréien. Wéi ech mam Bommstoussen an Diskuswerfen ugefaang hunn, hat ech scho 26 Joer. Mat de Joren hunn ech ëmmer méi trainéiert an ech sinn de Beweis dofir, datt souguer, wann ee spéit ufänkt, een ëmmer nach e Profisportler ka ginn“, erkläert hien.

Nieft senger sportlecher Karriär, schafft den Tom am CNA, wou seng Aarbechtszäiten esou gestalt sinn, datt hien trainéiere kann. Mee huet hie mat 34 Jore wëlles, sech aus dem Sport zeréckzezéien? Näischt ass decidéiert. „Am Stousse kënnen d’Athleete méi Joren aktiv si wéi déi an aneren Disziplinnen. Et ass net wéi bei den Turner, wou de gëllenen Zäitalter mat 16 oder 17 Joren ass“, erwäänt hie mat engem Laachen, éier e weiderfiert: „Wann ee kierperlech a Form ass an eng gutt Technik huet, an de Kierper net ze vill vun de Verletzunge gepräägt ass, kann een eng Karriär bis 45 Joer op héchstem Niveau verfollegen. Wéi ee fir Bommstousser seet, d’Erfarung kënnt mam Alter. Et muss een awer Affer bréngen. Ech hunn eng Fra an zwee Kanner, an ech weess net, ob ech an e puer Joer nach bereet sinn, den Equivalent vun dräi Méint am Joer vun doheem fort ze sinn. 

Wärend en driwwer iwwerleet, wéi seng Zukunft wäert ausgesinn, seet den Tom, datt en houfereg drop ass, säi Land vertrieden ze kënnen. An en hofft staark drop, 2021 d’Faarwe vun eisem Fändel op der héchster Stuf vum Podium vertrieden ze kënnen.