Ces derniers mois, le collège échevinal s’est de nouveau activé pour associer les citoyens à la gestion quotidienne et au futur de leur ville. Deux outils ont continué à faire leurs preuves : le Conseil citoyen, aussi appelé « Biergerrot » (déjà trois éditions depuis 2019), et le Panel des citoyens.

La scène a lieu un beau jour d’octobre 2019. Autour d’une table, une quinzaine de Dudelangeois discutent, avec enthousiasme, de leur quotidien. Ils viennent d’horizons différents et ne se connaissent pas, mais ils ont en commun l’envie de vivre mieux, ensemble. Le moment est simple, convivial et… historique. Car ce soir-là, en effet, nos quinze citoyens tirés au sort vivent le tout premier Biergerrot de l’histoire de la Ville.

Nous sommes désormais en 2021 et, en deux ans, bien du chemin a été parcouru. Deux autres éditions du Biergerrot ont depuis été organisées, faisant de Dudelange une pionnière de la démocratie locale et participative au Luxembourg. Un partenariat noué en 2020 avec l’Université du Luxembourg est d’ailleurs venu confirmer publiquement les ambitions de la Ville en la matière.

La crise sanitaire ne stoppe pas l’élan participatif

Preuve que la Ville y tient, elle a d’ailleurs tenu à maintenir la dernière édition malgré la pandémie. Le 7 juillet dernier, 11 citoyens ont donc pu participer au troisième Biergerrot. « Nous avons dû nous adapter et organiser les échanges en visioconférence », souligne Loris Spina, échevin en charge de la Participation citoyenne. « Mais nous sommes heureux de ne pas avoir abandonné. Tout a très bien fonctionné, et les discussions ont été animées et utiles ».

Il faut dire que le concept du Biergerrot est désormais bien rodé : 15 des 21.000 Dudelangeois inscrits au registre de la population sont tirés au sort, et invités, le temps d’une soirée, à s’exprimer et à échanger sur les problèmes qui émaillent leur quotidien.

La mini assemblée ainsi constituée se veut intergénérationnelle et diversifiée. Avec des représentants des services communaux, l’idée est alors d’esquisser, ensemble, des solutions concrètes aux problèmes évoqués. Un modérateur externe est chargé de piloter la discussion, et les échanges sont multilingues, pour n’exclure personne.

La force du Biergerrot, selon moi, c’est que nous n’imposons pas les thématiques discutées : ce sont les citoyens eux-mêmes qui nous disent de quoi ils veulent parler

Loris Spina (échevin)

Des dizaines de thématiques abordées, au plus proche des préoccupations des citoyens

Pour la Ville et les Dudelangeois, le bilan de ce nouvel outil de démocratie participative est d’ores et déjà positif. Les participants ont joué le jeu et ont apprécié être écoutés. Ils ne se sont d’ailleurs pas privés de défendre les thématiques qui leurs sont chères. Elles sont riches et variées. Ainsi, au premier Biergerrot, on a discuté de la vitesse excessive des véhicules dans certains quartiers, de la circulation trop dense en centre-ville, de l’absence de maison médicale ou encore du problème des dépôts illégaux de déchets ménagers dans les poubelles publiques.

Au deuxième Biergerrot, en février 2020, on a parlé d’espaces verts plus écologiques, de structures d’accueil pour personnes autistes, mais aussi de l’insécurité liée aux chiens non-tenus en laisse ou des contrôles de vitesses dans les quartiers.

Enfin, au troisième Biergerrot, en juillet 2021, il fut question des comités de quartier et de leur rôle, du manque de places de stationnement dans certaines zones ou encore du trop faible nombre de trains directs entre Dudelange et Luxembourg-ville.

Permettre à l’équipe communale d’agir

A chaque fois, les représentants des services de la Ville prennent bonne note.

C’est l’occasion pour nous, équipe échevinale, de prendre conscience de détails du quotidien que, sans les habitants, nous ne pourrions pas voir

Loris Spina (échevin)

Exemple lors du dernier Biergerrot : « Des citoyens ont évoqué l’opportunité d’installer dans le centre-ville des poteaux auxquels attacher les chiens le temps de faire des courses. C’est une bonne idée. Nos services se sont donc engagés à étudier le concept pour évaluer sa faisabilité ».

Autre exemple qui montre que, des Biergerrots, il émane du concret : la demande citoyenne pour plus de trains directs entre Dudelange et Luxembourg-ville, demande relayée par la ville auprès des CFL et du ministère des transports. « Ce type de doléances citoyennes nous permettent d’appuyer nos dossiers auprès de nos partenaires pour mieux les convaincre », note Loris Spina.

S’agissant du stationnement, le bilan est déjà tangible. En effet, le nouveau parking résidentiel qui ouvrira en octobre prochain s’appuie en partie sur les avis émis par les citoyens lors des Biergerrots. Le parking résidentiel est ainsi en passe d’être élargi à tous les quartiers de la Ville, et la durée maximale de stationnement sans vignette est fixée à 3 heures.

Le Panel de citoyens, pour construire le Dudelange de demain

Reste que la politique de démocratie participative de Dudelange ne se limite pas aux Biergerrot. Elle s’appuie en effet sur un deuxième outil, utile et précieux : le Panel de citoyens. L’originalité de celui-ci est qu’il s’adresse à tous (sans tirage au sort, donc), dès l’âge de 15 ans. Il y est question non plus des petits soucis du quotidien mais du futur de la ville. Autrement dit : comment aimeriez-vous que Dudelange évolue et grandisse ?

A chaque édition, la Ville propose une thématique spécifique. Cette année, ce ne sont pas moins de deux éditions du Panel qui se sont déroulées, dont une sur « le respect et le vivre-ensemble ». Au total, ce sont plus d’une centaine de Dudelangeois qui ont pris le temps de répondre à un questionnaire, dont leurs réponses seront prises en compte pour élaborer une charte du vivre ensemble à Dudelange.

En 2022, la Participation citoyenne se poursuit bien entendu à Dudelange ! Pour rester informés, rendez-vous dans la rubrique « Participation citoyenne » de notre blog.


2021, e Joer, dat nees am Zeeche vun der Biergerbedeelegung zu Diddeleng steet

An de leschte Méint huet sech de Schäfferot nees aktiv fir d’Biergerbedeelegung, wat déi deeglech Gestioun an d’Zukunft vun hirer Stad ubelaangt, agesat. Zwee Outilen hu sech an dësem Kontext nees bewäert: de Biergerrot (schonn dräi Editiounen zanter 2019) an de Biergerpanel.

D’Zeen spillt sech op engem schéinen Hierschtdag am Oktober 2019 of. Un engem Dësch diskutéieren eng fofzéng Diddelenger begeeschtert iwwer hiren Alldag. Se hunn ënnerschiddlech Hannergrënn a kenne sech net, mee se hunn de gemeinsame Wonsch, besser zesummenzeliewen. De Moment ass einfach, frëndlech an … historesch. Well deen Owend hunn eis fofzéng Bierger, déi dem Zoufallsprinzip no ausgeloust goufen, den alleréischte Biergerrot aus der Geschicht vun der Stad Diddeleng erlieft.

Mir schreiwen an Tëschenzäit d’Joer 2021, an an zwee Joer ass vill geschitt. Zwou weider Editioune vum Biergerrot sinn organiséiert ginn, wat Diddeleng zu engem Pionéier vun der lokalen a participativer Demokratie zu Lëtzebuerg mécht. Eng Partnerschaft mat der Uni Lëtzebuerg am Joer 2020 huet d’Ambitioune vun der Stad Diddeleng an dësem Beräich ëffentlech bestätegt.

Déi sanitär Kris bremst d’Dynamik vun der Bedeelegung net

Dat ass e Beweis dofir, datt d’Stad Diddeleng op d’Biergerbedeelegung besteet, well se wollt déi lescht Editioun trotz der Pandemie oprechterhalen. De 7. Juli konnten eelef Bierger um drëtte Biergerrot deelhuelen. „Mir hunn eis missen upassen an den Austausch per Videokonferenz organiséieren“, ënnersträicht de Loris Spina, de Schäffen, dee fir d’Biergerbedeelegung zoustänneg ass. „Mee mir si frou, datt mer net opginn hunn. Alles huet ganz gutt geklappt an d’Diskussioune waren animéiert a ganz nëtzlech.“

D’Konzept vum Biergerrot huet sech elo gutt etabléiert: 15 vun den 21.000 Diddelenger, déi am Registre de la population ageschriwwe sinn, ginn dem Zoufallsprinzip no ausgeloust an invitéiert, sech een Owend laang ze äusseren an iwwer d’Problemer ze diskutéieren, déi hiren Alldag prägen.

Déi kleng Assemblée, déi dorausser staamt, soll generatiounsiwwergräifend a villfälteg sinn. Zesumme mat Vertrieder vun de Gemengeservicer soll dann iwwer konkreet Léisunge fir déi opgeworf Problemer iwwerluecht ginn. D’Diskussioun gëtt vun engem externe Moderator geleet an den Austausch fënnt a méi Sprooche statt, fir keen auszeschléissen.

Menger Meenung no läit d’Stäerkt vum Biergerrot doran, datt mir d’Theemen net virginn, mee d’Bierger eis soen, wouriwwer se diskutéiere wëllen

Loris Spina (Schäffen)

Dosende vun Theemen, déi ganz no un de Bierger hiren Uleiesse sinn

Fir d’Stad Diddeleng an hir Awunner falen d’Resultater vun dësem neien Outil vun der participativer Demokratie elo scho positiv aus. D’Participanten hunn d’Spill matgespillt a ware frou, gehéiert ze ginn. Se hunn och net gezéckt, d’Theemen ze verdeedegen, déi hinnen um Häerz leien. D’Thematike si ganz ënnerschiddlech a villfälteg. Esou gouf wärend dem éischte Biergerrot iwwer déi ze héich Vitess vun den Autoen a bestëmmte Quartieren, den ze staarke Verkéier am Zentrum, d’Absence vun enger Maison médicale oder de Problem vun der illegaler Entsuergung vun Haushaltsoffall an déi ëffentlech Poubellen diskutéiert.

Wärend dem zweete Biergerrot am Februar 2020 gouf iwwer méi ekologesch Gréngflächen, Betreiungsstrukture fir Autisten, mee och d’Onsécherheet am Zesummenhang mat Hënn, déi net an der Léngt gehal ginn, oder Vitesskontrollen an de Quartiere geschwat.

Wärend dem drëtte Biergerrot am Juli 2021 schliisslech gouf iwwer d’Noperschaftscomitéen an hir Roll, de Mangel u Parkplazen a bestëmmten Zonen an déi geréng Unzuel vun Direktzich tëschent Diddeleng an der Stad diskutéiert.

Der Ekipp vun der Gemeng Handlungsméiglechkeete ginn

D’Vertrieder vun de Gemengeservicë mierke sech allkéiers déi verschidden Theemen.

Et ass eng Geleeënheet fir eis, Schäffen, eis de klenge Problemer vum Alldag vum Alldag bewosst ze ginn. Ouni d’Awunner wier dat net méiglech

Loris Spina (Schäffen)

E Beispill wärend dem leschte Biergerrot: „E puer Bierger hunn d’Méiglechkeet ugeschwat, fir am Zentrum Pottoen anzeriichten, wou ee säin Hond kann drun unzestrécken, wärend ee Kommissioune mécht. Dat ass eng gutt Iddi. Eis Servicer hu sech also dofir engagéiert, d’Konzept ze préiwen, fir seng Machbarkeet ze bewäerten.“

En anert Beispill, dat weist, datt konkreet Moossnamen aus dem Biergerrot ervirginn: d’Fuerderung vun de Bierger, fir méi Direktzich tëschent Diddeleng an der Stad ze hunn, eng Ufro, déi d’Stad Diddeleng un d’CFL an de Verkéiersministère weidergeleet huet. „Dës Zort vun Doleancë vun de Bierger erméiglechen et eis, eisen Dossiere bei eise Partner méi Gewiicht ze ginn, fir se besser ze iwwerzeegen“, erkläert de Loris Spina.

Wat d’Parken ugeet, do kann een d’Resultater scho feststellen. Den neie Parking résidentiel, deen am Oktober soll opmaachen, ass deels op d’Meenungen zeréckzeféieren, déi d’Bierger wärend dem Biergerrot geäussert hunn. De Parking résidentiel gëtt op all d’Quartiere vun Diddeleng ausgedeent an ouni Vignette däerf ee maximal dräi Stonnen do parken.

De Biergerpanel, fir d’Stad Diddeleng vu muer opzebauen

Der Stad Diddeleng hir Politik vun der participativer Demokratie beschränkt sech awer net op de Biergerrot. Se baséiert op een zweeten nëtzlechen a wäertvollen Outil: de Biergerpanel. Dat Besonnescht drun ass, datt e sech un all d’Bierger (also ouni Auslousung) vu méi wéi 15 Joer riicht. Hei geet et net méi ëm déi kleng Problemer vum Alldag, mee ëm d’Zukunft vun der Stad. An anere Wierder: Wéi wëllt Dir, datt Diddeleng sech weiderentwéckelt oder wiisst?

Fir all Editioun schléit d’Stad e bestëmmt Theema vir. Dëst Joer hunn esouguer zwou Editioune vum Panel stattfonnt, dorënner eng zum Theema „Respekt an Zesummeliewen“. Am Ganzen hu méi wéi honnert Diddelenger sech d’Zäit geholl, e Questionnaire ze beäntweren, deem seng Äntwerte bei der Ausaarbechtung vun enger Charta fir d’Zesummeliewen zu Diddeleng berücksichtegt solle ginn.

Am Joer 2022 gëtt d’Biergerbedeelegung zu Diddeleng natierlech weidergeféiert! Fir informéiert ze bleiwen, gitt an d’RubrikParticipation citoyenne“ op eisem Blog.